A1
Mindestalter, fir sech unzemellen:
- Dir kënnt Iech am Alter vu 15 1/2 Joer unmellen, awer Dir däerft réischt mat 16 Joer op ëffentleche Stroossen fueren.
Präiser:
* Wann Dir schonn e Führerschäin hutt
Dokumenter, déi der Unmellung bäizefügen sin:
- Demande en Obtention d‘un Permis de Conduire
- Fiche d’Inscription
- Passbild
- Timbre de Chancellerie
- Zertifikat vum Dokter (3 Méint)
- Copie vun der Carte d’Identité / Pass
- Auszoch aus dem Casier Judiciaire Nr° 4, vir all volljähreg Persoun / kann vun der SNCA ugefroot gin
- Auszoch aus dem Casier Judiciaire ausgestellt vum Heemechtland, vir all Persoun dei manner wéi 5 Joër zu Lëtzebuerg liewt
- Ënnererschrëft an Copie vun der Carte d’Identité vun den Elteren (falls den Kandidat nach mannerjähreg as)
Minimum Unzuel vun Theorie- a Fahrstonnen:
- 12 Theoriestonnen mat Examen
- 6 Theoriestonnen, wann de Kandidat schonn e Führerschäin vun enger anerer Kategorie huet, mat Examen
- 16 Fahrstonnen mat Examen
Zuel vu Passagéiertransport, Chauffeur abegraff:
- Max. 2 Persounen, ausser Dir fuert e liichte Moto mat engem Sidecar, ass d’Zuel vun de Leit, déi transportéiert ginn, um Umeldungszertifika uginn an däerf net méi wéi 4 sinn.
Den Führerschäin vun der Klass A1 erlaabt et déi folgend Gefierer ze fueren:
- 2-, 3- und 4- riedreg Mofa
- Liicht Motorrad (mat ≤ 125 cm3, ≤ 11 kW an engem Kraaft/Gewiicht Verhältnis ≤ 0,1 kW/kg)
- Dräiriedregt Motorrad mat enger Leeschtung ≤ 15 kW
D’Vitesse Limiten:
- An der Uertschaft 50 km/h
- Aus der Uertschaft 90 km/h
- Autobunn 130 km/h a während Reen oder anerem Nidderschlag 110 km/h
ASCHREIWUNGEN:
- Méindes bis Freides vun 8.00 bis 12.00 Auer a vun 14.00 bis 18.00 Auer zu Mënsbech.
- Méindes vun 15.00 bis 16.00 Auer a Mëttwochs 15 Minutte virum Start vum Theorie-Cours zu Lëtzebuerg.