BE

Mindestalter, fir sech unzemellen:

  • Fir de BE Führerschäin ze kréien, muss de Kandidat e Führerschäin vun der Klass B hunn

Präiser:

Timbre de Chancellerie: 33€
Unmellung:: 70€
Theorie: 32€
Praktesch:
392€
Examen: 196€
TOTAL 689€

Dokumenter, déi der Unmellung bäizefügen sin:

Minimum Unzuel vun Theorie- a Fahrstonnen:

  • 2 Theoriestonnen
  • 4 Fahrstonnen mat Examen

Zuel vu Passagéiertransport, Chauffeur abegraff:

  • Et ass verbueden Leit an engem Unhänger ze transportéieren, dat gëllt och fir geschleeften Wunnween a Caravanen

Den Führerschäin vun der Klass BE erlaabt et déi folgend Gefierer ze fueren:

  • Unhänger mat enger maximal zulässlecher Gesamtmass > 750 kg wann déi maximal zulässlech Gesamtmass vun de gekoppelte Gefierer méi wéi 4.250 kg ass
  • Gespaan bestehent aus engem Auto vun der Kategorie B (maximal zulässlech Gesamtmass ≤ 3.500 kg) an engem Unhänger oder Semi-Unhänger mat enger maximal zulässlecher Gesamtmass ≤ 3.500 kg.
D’Vitesse Limiten:

Auto an Camionetten mat Unhänger:

  • An der Uertschaft 50 km/h
  • Aus der Uertschaft 75 km/h
  • Autobunn 90 km/h a während Reen oder anerem Nidderschlag 90 km/h

Auto mat Spikes:

  • An der Uertschaft 50 km/h
  • Aus der Uertschaft 70 km/h
  • Autobunn 90 km/h a während Reen oder anerem Nidderschlag 90 km/h

ASCHREIWUNGEN:

  • Méindes bis Freides vun 8.00 bis 12.00 Auer a vun 14.00 bis 18.00 Auer zu Mënsbech.
  • Méindes vun 15.00 bis 16.00 Auer a Mëttwochs 15 Minutte virum Start vum Theorie-Cours zu Lëtzebuerg.